Musek NewsCalvin Harris a Sam Smith mat gemeinsamer Single

De Calvin Harris lancéiert seng Single “Promises”, zesumme mam Sam Smith.

Leschten Update: 18.08.2018, 11:44:25

© afp

No Kollaboratioune mam Dua Lipa ("One Kiss",) Rihanna ("This Is What You Came For"), Ellie Goulding ("I Need Your Love") a villen aneren huet de Calvin Harris elo e weidert Lidd zesumme mat engem aneren Museker eraus bruecht. An zwar huet de schottesche DJ dëse Freideg offiziell seng nei Single "Promises" virgestallt. An déi ass mat kengem anere  wéi de britesche Sänger Sam Smith entstanen. D’Single huet eng Melodie déi direkt an d’Ouer geet, ee Beat deen un "One Kiss" erënnert an natierlech de Gesang vum Sam Smith – dat versprécht ee  groussen Hit ze ginn.


Promises w/ Sam Smith in 2 days @samsmithworld presave link in bio !

A post shared by Calvin Harris (@calvinharris) on