Et ass net di bescht Tour déi de Marilyn Manson a senger Carrière bis ewell gespillt huet. Schonn d’leschte Mount hat de Shockrocker säi Concert zu Toronto missen ofbriechen. A och zu Houston huet de Museker ee Samschdeg säi Set no just 5 Lidder misse stoppen. Hien hat mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. Wärend dem „Sweet Dreams“ Cover ass hien dunn zesumme gebrach. Säi Concert dëse Méindeg zu Denver soll wéi geplangt ofgehale ginn.