Musek NewsKanye West mat ville ze klénge Yeezy-Schlappen ënnerwee

Dem Kanye West säin Outfit huet op enger Hochzäit zu Miami fir vill Spott gesuergt.

Leschten Update: 20.08.2018, 15:03:43

© afp

Den amerikanesche Rapper 2 Chainz huet sech de Weekend zu Miami a Presenz vu ville Promien bestuet, dorënner Kanye West a Kim Kardashian, Alica Keys an Lil Wayne. Wärend de Lil Wayne am schicke Smoking opgedaucht war a fir säi Look gefeiert gouf, huet dem Kanye West säin Oufit guer net iwwerzeegt. Hien hat Schappen vu senger eegener Yeezy-Kollektioun un déi him awer vill ze kleng waren.