
© ANGELA WEISS / AFP
D'US Rapperin Cardi B huet de New Yorker Public an engem wonnerbare rouden Dress begréisst. Et war den éischten Optrëtt vun der Rapperin no der Gebuert vu sengem éischte Meedchen am Juli. Et sollt net fir d'lescht sinn, dat d'Musekerin op d'Bühn komm ass. D'Präisser "Best New Artist" & "Song of Summer" sollte frei am Owend un hat goen.
Am Mëttelpunkt stoung awer scho frei am Owend d'Jennifer Lopez. Wéi schonn am Virfeld bekannt gi war, huet d'Musekerin de Michael Jackson Video Vanguard Award, en Éierepräis kritt. D'Jlo huet donieft awer och Live performt an absolut iwwerzeegt.
De Post Malone sollt dunn de Präis fir de Song vum Joer, fir säin "Rockstar" kréien a sech domat géint d'Camila Cabello, d'Dua Lipa, den Drake, de Bruno Mars an den Ed Sheeran duerchsetzen.
D'Camila Cabello konnt sech kuerz duerno awer och selwer iwwert e Präis freeën: Arist of the Year! Et sollt net den eenzege Präis fir d'Havana-Sängerin ginn. De gréisste Präis vum Owend, de "Video of the Year Award" sollt et kuerz duerno vum Madonna iwwerreecht kréien a sech géint e.a de Bruno Mars, den Drake oder d'Ariana Grande duerchsetzen.
De Clip zu „No Tears Left to Cry“ vum Ariana Grande gouf dann nach mam Präis fir de beschte Pop-Video ausgezeechent an de viru kuerzem verstuerwenen Avicii gouf mam Präis fir de beschten Dance Video fir „Lonely Together“ belount.
Och den Childish Gambino konnt eng ganz Rëtsch Aiszeechnunge mat heem huelen an zwar fir de beschte Video mat engem Message, déi beschte Regie an déi beschte Choreographie – dat natierlech all Kéiers fir de Clip zu „This is America“. De beschte Rock-Video geet un Imagine Dragons fir „Whatever it Takes“ an d'Nicki Minaj huet mat „Chun-Li“ de beschten Hip Hop Video bruecht.
D'Award Show stoung dëst Joer iwwerdeems ganz am Zeeche vu der Queen of Soul, dem Aretha Franklin, dat an der leschter Woch verstuerwen ass.
Hei déi ganz Lëscht vun de Gewënner:
Artist of the Year: Camila Cabello
Song of the Year: Post Malone – “rockstar” [ft. 21 Savage]
Best New Artist: Cardi B
Best Collaboration: Jennifer Lopez – “Dinero” [ft. DJ Khaled & Cardi B]
Best Pop Video: Ariana Grande – “No Tears Left to Cry”
Best Hip Hop Video: Nicki Minaj – “Chun-Li”
Best Dance Video: Avicii – “Lonely Together” [ft. Rita Ora]
Best Latin Video: J Balvin – “Mi Gente” [ft. Willy William]
Best Rock Video: Imagine Dragons – “Whatever It Takes”
Video With a Message: Childish Gambino – “This Is America”
Best Cinematography: The Carters – “APES**T”
Best Direction: Childish Gambino – “This Is America”
Best Art Direction: The Carters – “APES**T”
Best Visual Effects: Kendrick Lamar & SZA – “All The Stars”
Best Choreography: Childish Gambino – “This Is America”
Best Editing: N.E.R.D – “Lemon” [ft. Rihanna]
Push Artist of the Year: April 2018 – Hayley Kiyoko
Song of Summer: Cardi B, Bad Bunny & J Balvin – "I Like It"