Musek NewsMadonna am Shitstorm no Aretha-Franklin-Hommage

Fir d'Aretha Fanklin ze éieren, huet d’Madonna bei den MTV Video Music Awards einfach seng eegen Erfolleggeschicht erzielt. Dat ass am Netz net gutt ukomm.

Leschten Update: 21.08.2018, 13:16:50

© afp

No senger Hommage un d‘Aretha Franklin steet d’Madonna am Shitstorm. Di 60 Joer al Sängerin wollt bei den VMA’s zu New York un di verstuerwe Queen of Soul erënneren. Dat ass awer zimlech an d’Box gaangen. D’Madonna huet nämlech a senger Riet immens vill vu sech selwer geschwat. A genee dat krut hatt dono an de soziale Medien virgeworf. Den Dout vun der Kollegin hätt hatt dofir benotzt, fir seng eegen Erfollegsgeschicht z‘erzielen.