Musek NewsEagles briechen Michael Jackson Rekord

„Thriller“ ass net méi dee meescht verkaaften Album an den USA.

Leschten Update: 21.08.2018, 13:28:27

© afp

5 Joerzéngten war „Thriller“ vum   Michael Jackson deen erfollegräichsten Album vun allen Zäiten an den USA. Wéi d’Recording Industry Association of America“ elo bekannt gouf, hunn d’Eagles hien elo iwwerholl- mat engem ale Greatest Hits Album. De Michael Jackson rutscht domat op di 2. Plaz. Weltwäit bleift „Thriller“ vum Michael Jackson mat 47 Milliounen Exemplairen awer ëmmer nach d’Nummer 1.