Musek NewsDe Calvin Harris wëllt net méi op Tour goen

Fir deen erfollegräichsten DJ a Produzent vun der Welt ass d'Liewen op Tour einfach ze stresseg a mat 34 fillt hien sech och “ze al” dofir.

Leschten Update: 23.08.2018, 16:30:47

© afp

Fir de Calvin Harris sinn d’Zäiten op Tour definitiv eriwwer. Dat op mannst huet de schottesche Star-DJ an engem Radios-Interview erkläert a gesot, dass hien keng Loscht méi op ee Liewen am Tourbus oder am Privatjet huet. Hien wier elo ze al dofir, sot dee 34 Joer alen DJ.

Seng Residence-Show zu Las Vegas wëllt hien awer weider spillen. Heifir huet hien iwwregens och schonn ee 200 Milliounen-Dollar-Kontrakt ënnerschriwwen.


More records

A post shared by Calvin Harris (@calvinharris) on