Musek NewsNoutlandung fir de Privatjet vum Post Malone

Museker, déi bei engem Fligeraccident em d’Liewe koumen, ginn et leider vill. Elo ass et bal nees zu enger Katastrophe komm.

Leschten Update: 22.08.2018, 14:27:11

© afp archiv

Den amerikanesche Rapper Post Malone wollt no sengem Optrëtt bei den MTV Video Music Awards an engem Privatjet an England fléien. Kuerz nom Depart zuNew Jersey huet de Pilot awer gemierkt, dass 2 Pneuen vun der Maschinn geplatzt waren. Fir dass et bei enger Noutlandung net zu engem Feier oder enger Explosioun koum, huet de Fliger 5 Stonne laang misse Kreesser um Himmel dréien, fir Kerosin ze verbrauchen.  Schliisslech ass d‘Maschinn sécher op engem klénge Fluchhafen net wäit vun New York gelant.

Kuerz dono huet de Post Malone op Twitter gepost, hien kéint guer net gleewen, wéi vill Leit him den Dout géinge wënschen. Mee et wier nach net fir hien.