Musek NewsNo schwaachem Virverkaf verréckelt d'Nicki Minaj seng Tour

Mëtt September wollten d’Nicki Minaj an de Future zesummen op Tour goen. Si ginn awer hir Concertsticketen net lass.

Leschten Update: 22.08.2018, 14:08:27

© afp

De Concertsorganisateur Live Nation huet sceh lo zu Wuert gemellt a matgedeelt, dass di komplett Amerika-Tour op d’nächst Joer verréckelt gëtt. Di gemeinsam Rees vun den 2 Rapper duerch Europa ass  vun de Changementer net betraff.  Dat heescht, de Concert den 20. Mäerz an der Rockhal wäert wéi geplangt organiséiert ginn.

D’Nicki Minaj an de Future hunn hir gemeinsam „NickiHndrxx“-Tour scho virun e puer Méint ugekënnegt an op alle Plattformen Reklamm dofir gemaach. Mee iergendwéi waren d’Fans vu béide Rapper net wierklech vun dësem Plang begeeschtert.

Ticketen fir de Concert kritt der hei: LINK: www.rockhal.lu