Den Drake huet dat 11 Joer alt Sofia Sanchez am Spidol besicht, wat ënner enger Häerzmuskelerkrankung leit, an him domat säi gréisste Wonsch erfëllt. D‘Sofia hat bei der „In My Feelings Challenge matgemaach an doduerch war de Museker op hatt opmierksam ginn. An engem Video op der offizieller Facebook-Säit vum Spidol seet den Drake: „Du hues mech gefrot, ob ech komme kann an elo sinn ech hei“. Réischt kuerz virdrun hat di kleng Patientin hiren 11. Gebuertsdag gefeiert an huet sech ëmsou méi iwwert d’Visitte gefreet. „Dat war dee beschte Gebuertsdag deen ech jee hat“, huet hatt gesot.