Musek NewsRita Ora confirméiert Album-Release 2018

Op des Nouvelle hunn d’Fans 6 Joer laang gewaart : D’Rita Ora bréngt een neien Album eraus.

Leschten Update: 23.08.2018, 09:44:07

© afp

6 Joer no sengem Debütalbum ass d’Rita Ora bereet, en Nofolger eraus ze bréngen. Den Debütalbum vun 2012 hat et op Plaz 1 vun den Charts gepackt, mee seng deemoleg Plackefirma wollt keng Suen méi an d’Sängerin  investéieren,  a gouf schliisslech vum Rita Ora verklot.

Elo huet hatt een neien Label wou hatt och schonn d’Singelen „For You“ mam Liam Payne“ an „Girls“ feat. Cardi B, Bebe Rexha an Charli XCX eraus bruecht huet. Den neien Album soll op alle Fall nach dëst Joer op de Maart kommen. E genee’en Datum huet d’Sängerin allerdéngs nach net matgedeelt.