Am Mäerz 2018 hunn d’Memberen vun der Band Fifth Harmony erkläert dass si eng Paus géinge maachen an un eegene Projeten schaffen. Elo huet och d’Ally Brooke säin éischten eegene Plackekontrakt. Seng nei Musek soll sengem eegene Style entspriechen a komplett anescht sinn wéi d’Lidder vu Fifth Harmony. Och een ganze Album ass geplangt, dee soll awer nach e bëssen op sech waarde loossen.