
© Screenshot Twitter
Déi zwee däitsch Museker Casper a Marteria bréngen den 31. August hiren éischte gemeinsamen Album mam Numm 1982 eraus. Den Titel bezitt sech op d’Gebuertsjoer wat déi zwee verbënnt, mee net nëmmen doran sinn sech d’Rapper eens. Och privat verstinn déi zwee sech a ginn des Ëfteren zesumme gesinn. Fir d’Lescht zu Bielefeld.
Zanter dësem Dënschdeg féiert de Cas, gebierteg aus Bielefeld, de Marten duerch seng fréier Heemescht Ostwestfalen. Dëse Mëttwochowend hunn déi zwee dunn fir eng Iwwerraschung gesuergt.
Iwwert hir Instagram-Accounts ginn de Marteria a Casper hire Fans souwisou ëmmer Abléck an hiren Alldag a wéi se sech op de kommenden Album Release virbereeden. Dëse Mëttwoch huet hir Insta Story awer scho verroden, datt déi zwee eppes Gréisseres geplangt hätten.

Fir d’éischt hunn se Flyer gemoolt, an der Uni drocke gelooss an dunn och nach selwer an der Foussgängerzon verdeelt. Géint 16.15 hunn de Cas a Marten dunn op Bielefeld invitéiert mam Statement: "Méi Infos elo gläich. Et wäert sech lounen." Spéider koum dunn d’Info datt et e spontanen a gratis Concert géif ginn, virum Stadion Schüco. Dëser Opfuerderung sinn 3000 Leit nogaangen.

Op engem Chevrolet-Pickup, deen als Bühn hiergehalen huet, hunn déi zwee eng Stonn laang Vollgas ginn a Songs wéi "Champion Sound" a "So Perfekt" zum Beschte ginn. Als Promo fir de neien Album hunn d’Rapper dunn nach "Chardonnay & Purple Haze" fir eng alleréischte Kéier presentéiert, "eng Welt Premiere zu Bielefeld", wéi de Cas et genannt huet.
"Et ass mäin allergréissten Dram an dësem Stadion ze spillen", huet de Casper wärend dem Optrëtt geruff. An de Stadion haten déi zwee et zwar net gepackt, de Videoen no ze uerteele war virdrun awer bestëmmt genee esou gutt. Fir d’Fans wahrscheinlech souguer nach besser.
❤️ TRACKLIST & BACKCOVER ❤️ #1982 @marteria pic.twitter.com/Q9qwrPcoyj
— casper xoxo. (@CASPERxOFFICIAL) 19. Juli 2018