Musek NewsBooba no Kläpperei nees aus dem Prisong

De franséische Rapper deen no enger Kläpperei um Paräisser Fluchhafen Orly virun dräi Woche vun der Police verhaft gouf ass nees fräi.

Leschten Update: 23.08.2018, 16:53:59

© AFP

Virun dräi Woche koum et am Duty-Free Shop vum Fluchhafen Orly zu enger Kläpperei tëscht de franséische Rappere Booba a Kaaris. D'Ausernanersetzung, an déi och Leit aus dem Ëmfeld vun den zwee Museker involvéiert waren, war sou hefteg, dass de Fluchhafen zum Deel huet misse gespaart ginn.

D'Bedreiwer vum Fluchhafen hunn dowéinst eng Klo géingt béid Männer agereecht. E Paräisser Geriicht huet doropshin ordonnéiert, dass béid Rapper bis zu hirer Geriichtsverhandlung an verschiddene Prisongen zu Paräis ënnerbruecht solle ginn. Den zoustännege Riichter huet dës Mesure domat begrënnt, dass et tëscht den zwee Rapper schonn zënter laangem eng hefteg Rivalitéit gëtt.

Ma eng Cour d'Apel huet elo decidéiert, dass béid Museker bis zu hirer Verhandlung den sechsten September, géint eng Kautioun vun 30.000 €, ob fräiem Fouss kënne bleiwen.