
© ADRIAN SANCHEZ-GONZALEZ / AFP
D'Australierin Debbie, Mamm vum 14 Joer jonke Leah, war grousse Pink Fan an hat sech fir de Concert zu Brisbane zwee Tickete kaf. Virum Concert ass d'Debbie allerdéngs verscheet, wouropshin d'Leah decidéiert huetfir fir seng Mamm dohin ze goen.
A Begleedung vu senger Tatta huet dat 14 Järegt Schëlter gebastelt op deene stoung "Mäi Numm ass Leah - ech si 14 Joer al. Ech hu meng Mamm d'leschte Mount verluer. Ech géif mech iwwert eng Emarmung freeën...w.e.g.!". Och e puer Biller vu sech a senger Mamm hat d'Leah dobäi gefüügt.
Der lokaler Presse no, stoungen d'Leah a seng Tatta allerdéngs relativ wäit hannen. Di aner Concerts-Visiteuren hunn awer net gezéckt an d'Schëlter no vir gereecht, bis schliisslech eent dem Pink opgefall ass. Direkt nodeems d'Sängerin et gelies huet, gouf de Concert ënnerbrach an d'Pink huet duerch de Mikro nom Leah gefrot.
Doropshin huet de Public sech gedeelt bis d'Pink d'Leah konnt erreechen. No enger emotionaler Emarmung, e puer tréischtend Wieder, engem Selfie an engem Autogramm, ass de Concert nees weidergaangen.