Musek NewsClueso bréngt neien Album eraus

Dëse Freiden kënnt dem Singer-Songwriter säin 8. Studioalbum, mam Numm "Handgepäck I", eraus.

Leschten Update: 24.08.2018, 11:01:27

© JOHN MACDOUGALL / AFP

Den 19. November presentéiert den däitsche Museker Clueso säi neien Album mam Numm "Handgepäck I" am Atelier, an dorop sinn, wéi et ausgesäit, e ganze Koup Fans gespaant. Deemno ginn d'Ticketen, déi säit dem 22. August an der Vente sinn, immens séier fort.

An och den Album selwer gëtt mat Spannung erwaart, ëmmerhi besteet dësen aus Songs, déi gréisstendeels méi wéi 10 Joer al sinn. Allerdéngs dierf een hei net vun Iwwerbleibsel vun ale bekannten Opnamen ausgoen, mee vu Stécker déi de Clueso op Reesen an Toure mat einfachste Mëttel opgeholl huet.

Dacks sinn et kaum méi wéi Skizzen, sou zum Beispill de Song "Landstreicher", oder déi typesch Clueso Balladen, wéi dat mat Cello oppoleiertem "Wie versprochen". Awer och Lidder déi ee scho vu senge Concerte kennt, wéi "Wenn ein Mensch lebt", si mat drop.

No ronn 20 Joer am Musek-Geschäft, sëllegen ausverkaften Concerten an Chartsplatzéirungen, kléngt "Handgepäck I" no onopgereegtem Gittare-Sound deen dem Clueso aus der Séil schwetzt. Um Album sinn 18 Tracks, een Intro an e puer kuerz Instrumentalstécker ze fannen.