Musek NewsJason Derulo ft. David Guetta, Nicky Minaj a Willy William

Fir seng nei Single "Goodbye" setzt den Jason Derulo op ganz vill Star-Power an e ganz grousse Klassiker.

Leschten Update: 24.08.2018, 11:28:28

© VALERY HACHE / AFP

De Klassiker "Time to Say Goodbye" vum Andrea Bocelli ass wuel jidderengem bekannt, un e modernen Hit kann een dobäi awer net denken. Dat wëll den Jason Derulo elo änneren: Zesumme mam David Guetta, Nicky Minaj a Willy William huet hien de Klassiker nei opgeholl.

Mat R&B Melodië vum Derulo, moderne beats vum David Guetta, Hooks vum Nicky Minaj an dem momentan esou gefrote spuenesche Sound vum Willy William, kéint "Goodbye" e richtegen Hit ginn.


FRIDAY MIDNIGHT 🌎 Goodbye 🌪 @jasonderulo @davidguetta @nickiminaj

A post shared by Willy William (@willywilliamofficiel) on


Den Track wäert op dem Guetta sengem 7. Studioalbum, deen den 14. September released gëtt, drop sinn. Donieft kann een sech hei op weider Star features wéi Justin Bieber, Sia, G-Eazy an J Balvin freeën.

Kuckt Iech hei de Museksvideo un!