Musek NewsAbroch beim Demi Lovato wärend Entzéierungskur

D’Demi Lovato huet de Moment scho genuch Problemer- elo gouf et fir d’Sängerin nach eng Schock-Nouvelle.

Leschten Update: 27.08.2018, 14:27:08

© afp

D’Demi Lovato ass de Moment no senger Drogeniwwerdosis an enger Entzuchsklinik a probéiert nees gesond ze ginn. Säin Haus zu L.A. steet deemno eidel a genee dat hunn d’Abriecher ausgenotzt a sinn a seng Villa agebrach. D’Police war allerdéngs dorops virbereet an hat extra e puer Sécherheetsbeamten  virum Haus vun der Sängerin placéiert. Si hunn d’Abriecher deemno direkt konnte festhuelen.