Musek NewsDie Ärzte kommen op Lëtzebuerg!

Déi däitsch Band setzt fir 2019 net nëmmen nei Tourdate fest, och op Streaming Plattforme wäerten se elo vertruede sinn.

Leschten Update: 11.09.2018, 14:27:38

© Eldoradio

Die Ärzte hunn an hirer offiziellen Newsletter direkt zwou Neiegkeeten annoncéiert: 2019 geet d'Band nees op Tour, an dëst Joer nach wäert hir Musek op verschiddene Streaming Plattformen ze fanne sinn.

Ugefaange mat der Tour, do steet nämlech och Lëtzebuerg um Programm. D "Miles & More-Tour" soll Die Ärzte op Amsterdam, Bréissel, Ljublijana, London, Mailand, Prag, Stroossbuerg, Warschau, Zagreb a natierlech Lëtzebuerg feieren. Detailer an Infoen zu de geneeën Daten an Tickete sollen nach kommen.

Bis dohi kënnen d'Fans sech d'Zäit op Streaming Plattforme verdreiwen: De Wiessel op Digitalvertrib hat d'Band zwar laang boykottéiert, elo ass et awer esou wäit an die Ärzte wäerten ab dem 16. November 2018 op Spotify a Co. vertruede sinn.