Musek NewsMajor Lazer halen op

Mat Lidder wéi “Cold Water” oder “Lean On” haten Major Lazer grouss Hits gelant. Trotzdeem wäert et den Trio geschwënn net méi ginn.

Leschten Update: 16.10.2018, 22:49:22

© Valerie Macon / AFP

D’nächst Joer bréngen d’Jongen vu Major Lazer hire 4. a leschten Album „Music is the weapon“ op de Maart. Dono wäerten si sech definitiv opléisen. Dat huet de Frontmann Diplo an engem Statement matgedeelt. Major Lazer sinn ee vun den erfollegräichsten elektroneschen Acts aus de leschte Joren, d'Bandmemberen hunn awer decidéiert, an Zukunft un anere Projeten ze schaffen.