Musek NewsJohn Legend annoncéiert Chrëscht-Album an Tour

Den John Legend bréngt fir d’éischte Kéier a senger Carrière ee Chrëscht-Album eraus.

Leschten Update: 16.10.2018, 22:49:05

„Ech wollt dat scho säit laangem eng Kéier maachen“, erkläert de Museker an engem Instagram-Video. Den Album heescht „A Legendary Christmas“ a kënnt de 26. Oktober eraus. Heirobber ze fanne sinn souwuel grouss Chrëschtdags-Klassiker wéi och fonkelnei Chrëschtlidder. Mam Album geet dann och op eng “Legendary Christmas Tour“ duerch d’USA- mat Concerten ënner anerem zu Atlanta, New York a Boston.