Musek NewsDen Justin Timberlake schreift e Buch

Vum Museker zum Auteur: Enn Oktober soll "Hindsight & All the Things I Can’t See in Front of Me" erauskommen.

Leschten Update: 03.10.2018, 12:58:17

© VALERY HACHE / AFP

Schonn als klenge Jong ass den Justin Timberlake an d’Showgeschäft eragerutscht, Enn 90er ass en dunn mat der Boyband "NSYNC" weltwäit bekannt ginn a mëttlerweil ass en erfollegräich als Solo-Kënschtler ënnerwee. Ob Museker, Schauspiller oder Designer de 37-Järegen huet schonn sou munches ausprobéiert: Elo soll dann och Auteur dozougehéieren.



Knapps huet en den europäeschen Deel vu "Man of the Woods Tour" ofgeschloss, plangt hien de Release vu sengem Buch. Engem Instagram Post no ze uerteele schafft de Sänger momentan un de leschten Ännerungen, ier et den 30. Oktober an den USA op de Marché kënnt.



D’Wierk nennt sech "Hindsight & All the Things I Can’t See in Front of Me" an ass eng Aart Réckbléck op seng Carrière. Fans sollen hei awer virun allem mat engem ganze Koup privaten Ablécker rechnen, esou wéi Anekdoten, Reflektiounen iwwert sech als Promi, wéi och als Papp, a Fotoen aus sengem privatem Archiv.