Musek NewsStinn d’Headliner fir Coachella scho fest?!

Éischten Rumeuren no si Childish Gambino, Justin Timberlake a Kanye West als lineup ageplangt, an d'Leit sinn net begeeschtert...

Leschten Update: 03.10.2018, 12:56:29

© ROBYN BECK / AFP

De Coachella Festival a Kalifornien, USA, gehéiert zu deene gréissten a gehypteste Musek-Events weltwäit. Normalerweis kënnt den offiziellen lineup eréischt am Januar eraus, Rumeuren aus offiziellen, oder och net esou offizielle, Quelle ginn et natierlech schonn éischter, an dacks treffen dës dann och zou.

Elo sinn dann och déi éischt Informatioune fir de Coachella Festival 2019 un d’Liicht komm an déi behaapten datt de Kanye West (mëttlerweil Ye), Justin Timberlake an Childish Gambino als Headliner ageplangt sinn. Wärend déi eng iwwert dës main acts erfreet sinn, hält sech d’Begeeschterung bei ganz villen, virun allem op Twitter, a Grenzen. Dëst net nëmme well de Ye an de sozialen Netzwierker fir kontrovers Gespréicher suergt mee och well et e réng männlechen, deels enttäuschenden, Trio ass.






Nodeems d’Beyoncé vun alle Säite fir seng Performance beim leschte Coachella gelueft gouf gesi vill Fans et bal schonn als Beleidegung déi Zesummesetzung vun Headliner als Nofolger presentéiert ze kréien.



Trotz grousser Opreegung, kënne Coachella Fans hire Kapp elo mol nach a Rou leeën, de kompletten an offizielle lineup kënnt eréischt Ufank des Jores eraus, a bis dohi kann sech och un den Headliner nach esou allerlee doen.