Musek NewsMac Miller Benefice-Concert

Enn des Mounts soll de Rapper duerch Optrëtter vu Chance The Rapper, Travis Scott, John Mayer a ville méi geéiert ginn.

Leschten Update: 04.10.2018, 16:35:11

© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

De Mac Miller gouf de 7. September, am Alter vu 26 Joer, a sengem Doheem dout opfonnt. Bis elo ass nach keng Doudesursaach confirméiert ginn, vermutt gëtt awer eng Iwwerdosis: De Rapper hat jorelaang mat Drogen-Ofhängegkeet ze kämpfen. Elo gouf dann e Benefice-Concert fir de Rapper organiséiert.

Den 31. Oktober wäerten dofir e ganze Koup Museker am "Los Angeles‘ Greek Theatre" zesummekommen an sech un de Rapper erënneren.



Confirméiert fir dëse Concert si bis ewell Kënschtler wéi den Travis Scott, Chance The Rapper, Ty Dolla $ign an John Mayer. D’Event leeft ënnert dem Motto "Mac Miller: A Celebration of Life", a soll wéi de Numm et scho seet seng Carrière, awer och säi Liewen zelebréieren. Ausserdeem well d’Famill vum Mac Miller heimat de Launch vun der nei gegrënnter "Mac Miller Circles Fondatioun" lancéieren.