Musek NewsDéck Fans musse méi bezuelen

Nodeems d’Christina Aguilera seng Tour gestart huet, reegen sech déi déck Fans iwwert extra Käschten op, déi si fir ee mi groussen T-Shirt mussen bezuelen.

Leschten Update: 04.10.2018, 16:34:54

© Valerie Macon/Afp

6 Joer hu Fans vum Christina Aguilera missen op nei Musek vun hirem Lieblingsstar waarden. Elo ass deen neien Album “Liberation” dobaussen, an d’Sängerin ass domat op Amerika-Tour. Vun senger Show sinn d’Fans begeeschtert, opgereegt hu sech verschidde Leit awer iwwert d’Präisser vu sengem Merchandising Stand. Fans, déi en T-Shirt an der Gréisst XXL kafen, mussen deemno 5 Dollar méi op den Dësch leeën. 





Verschidde Fans hunn awer Verständnis an argumentéieren, dass een XXL T-Shirt jo och méi Textilien braucht.