Musek NewsJustin Timberlake designt Streetwear-Kollektioun

Den Justin Timberlake begeeschtert net just op der Bühn oder virun der Kamera, mee hien ass och als Designer aktiv.

Leschten Update: 04.10.2018, 14:09:39

© afp

Fir seng „Man of the Woods“-Welttournée huet den Justin Timberlake zum Beispill sämtlech Merchandising-Artikelen selwer entworf.  Zejoert huet hien ausserdeem dierfen eng vun de Levi’s Trucker Jacketten designen – an elo huet den Justin Timberlake eng ganz Kollektioun fir Levi’s entworf. Ënnert de Numm „Fresh leaves sinn d‘Artikelen dëse 4. Oktober op de Maart komm, dorënner Jacketten, Hoodies, a karéiert Hiemer. Levi’s huet och ee Publicitéitsspot dozou eraus bruecht.