
© atelier
Viru kuerzem hu Mumford & Sons hir nei Single “Guiding Lights” eraus bruecht. Mëtt November kënnt ënnert dem Titel “Delta” och een neien Album – an domat ginn d’Museker op grouss Welttournée- mat am ganze 60 Concerten weltwäit. Mëttwochs, den 8. Mee 2019 presentéiert den Atelier Mumford & Sons live an der Rockhal.
2012 war di britesch Folkrockband fir d’éischt live zu Lëtzebuerg- fir e Concert um Rock-A-Field zu Réiser. Am Mäerz 2013 ware Mumford & Sons live an der Rockhal. Dee Concert war séier sold out.
Wéi d’Organisateuren vum Atelier betounen, wäert et des Kéier eng ganz speziell Show ginn. D’Bühn gëtt nämlech am Zentrum vum Raum opgeriicht- et handelt sech ëm eng sougenannten 360° Bühn wou de Publikum da ronderëm steet.
De Concert zu Lëtzebuerg ass Sold Out!
Weider Infos: Atelier