
© VALERIE MACON / AFP
Mat sengem leschten Album "hopeless fountain kingdom" hat d’Halsey et op d’Nummer 1 vun den US-Albumcharts gepackt, an och mat Kollaboratioune wéi "Eastside", mam Benny Blanco a Khalid, hat d'Sängerin Erfolleger gefeiert.
Elo, no engem turbulente Bezéiungs – Hin an Hier ass d’Sängerin mat enger Solo-Single zréck: "Without Me" gouf de 4. Oktober verëffentlecht a vu kengem anere wéi dem Louis Bell produzéiert. Dëse stécht och hannert Welthits wéi dem Post Malone säi "Rockstar" an dem Camila Cabello sengem "Havanna".
Inspiréiert ass dem Halsey seng nei Single iwwerdeems och vun engem weltwäiten Hit: Virun allem d'Bréck vum Song erënnert staark un dem Justin Timberlake säin "Cry Me a River".
A genee sou wéi et bei "Cry Me a River" Rumeure gouf datt de Song sech mam Justin senger Ex-Bezéiung zum Britney Spears ausernee géif setzen, gëtt bei "Without Me" gemunkelt datt d'Halsey an de lyrics d'Bezéiungs-Aus mam G-Eazy veraarbecht.
Datt den Track sech tatsächlech réng em seng Relatioun mam Rapper handelt, ass zwar net bestätegt: D'Halsey gëtt awer selwer zou datt et säi bis elo perséinlechst Wierk ass. Op Instagram freet et seng Fans souguer virsiichteg mat senge Gefiller ëmzegoen, déi et hinnen duerch de Song presentéiert.
Dësen ass iwwregens och deen éischte Song deen d'Halsey ënnert sengem richtegen Numm, Ashley Frangipane, verëffentlecht.