Musek NewsMark Forster bréngt Einmal eraus!

Am September hat de Sänger en Opruff gemaach fir Videoe vu besonnesche Momenter erageschéckt ze kréien - Haut ass de Release vun der Single an dem Video...

Leschten Update: 05.10.2018, 13:46:43

© PATRIK STOLLARZ / AFP

De 17. September 2019 hat den däitsche Sänger Mark Forster en Opruff op senger Facebook-Säit gestart, an deem hien seng Fans gefrot huet him Videoe vun eemolege Momenter ze schécken. Dat am Kader vu sengem neie Song "Einmal", den éischte Viirgeschmaach op de neien Album "Liebe", deen de 16. Novemeber op de Marché komme soll. All Video dierft maximal 1 Minutt hunn a huet missen iwwert seng Homepage eropgeluede ginn.

Kuckt Iech hei den Opruff un!


Eng Woch nom Opruff gouf et schonn eng kleng Réckmeldung vum Forster an deem hie senge Fans fir déi vill Clips Merci seet. Gëschter dunn d'Neiegkeet: d'Single an de Video kommen nach dëse Freiden, de 4. Oktober, eraus.





Elo ass en dann dobaussen: E Video am Vloggerstyle mat Homevideoen vu verschiddene Leit déi sech op dem Forster säin Opruff gemellt haten. An de Song selwer ass och eng kleng musekalesch Aventure: den "Einmal" am Refrain gëtt esou zum Beispill vum African Children's Choir gesongen.

Kuckt Iech hei de Museksvideo un!