Musek NewsSchafft d'Ariana Grande schonn u neier Musek?!

Nom Album "Sweetener", dee viru knapp 2 Méint erauskomm ass, steet d'Sängerin schonn nees am Studio...

Leschten Update: 05.10.2018, 11:04:53

© VALERIE MACON / AFP

Oflenkung ass bekanntlech déi beschte Medezin, dat gëllt och fir Stars wéi d'Ariana Grande. D'Sängerin hat iwwert d'läscht Joer ewech direkt mat e puer Réckschléi ze kämpfen a stierzt sech elo, wéi et ausgesäit, a seng Passioun: D'Musek.

D "No Tears Left To Cry" Interpretin hat viru puer Deeg, den 1. Oktober, schonn en Hiweis dorop ginn datt et u neiem Material schafft. Mat enger Foto aus dem Studio, begleet vun de Wieder "Musek ass déi beschte Medezin" an "ech kann et net erwaarden datt der erëm zu klengen Detektive gitt", huet d'Grande seng Fans virwëtzeg gemaach. Dee Message gouf mëttlerweil awer schonn nees geläscht.



Dofir ass et dunn um Freiden, 5. Oktober, e neien Indice ginn. D'Musekerin huet op Twitter e 45 Sekonne Clip betitel mat "tell me how good it feels to be needed" gedeelt, wou een hatt am Hannergrond sangen héiert. A well am Virdergrond de Studio ze gesinn ass sinn d'Spekulatiounen natierlech grouss datt et sech heibäi em e neit Wierk handelt.