Musek NewsGuns N’Roses solle méi lues spillen

Guns N’Roses si bekannt fir een haarde Gittaresound- geschwënn mussen d‘Museker awer e bësse mi lues spillen

Leschten Update: 16.10.2018, 22:48:00

© afp

Guns N’Roses trieden de 14. November zu Kuala Lumpur op- direkt nieft engem Zoo. Do liewen 150 verschidden Déierenaarten. D’Déiereschützer fäerten dass d’Lautstäerkt vum Concert hinne schueden kéint. D’Organisatioun „Friends of the Orangutans“ huet dem Manager vun der Band dofir ee Bréif geschéckt. Hien wënscht sech, dass de Concert op eng aner Plaz verluecht gëtt. Ob Guns N’Roses d’Locatioun tatsächlech wiesselen, bleift ofzewaarden.