D‘Adele huet sech an de leschten 2 Joer ganz aus der Ëffentlechkeet zréck gezunn, a verbréngt seng Zäit mat senger Famill. Finanziell Suergen huet di britesch Sängerin awer keng. U sech braucht d‘Adele souguer ni méi eppes ze schaffen. Wéi nämlech aus den Dokumenter vu senge Firmen ervir geet, huet d’Adele zejoert 9,5 Milliounen Euro netto verdéngt, ouni ee Fanger kromm ze maachen. Op een eenzelen Dag gerechent verdéngt d’Adele deemno 26.600 Euro a 24 Stonnen.