Vill Museker hu sech zanter der Wahl vum President Trump politesch geäussert- an elo huet och d’Taylor Swift sech op Instagram eng éischte Kéier politesch geäussert. An der Vergaangenheet hätt hatt ëmmer gezéckt, fir seng politesch Meenung haart ze soen. Elo géing hatt awer komplett anescht denken. An zwar wäert d‘Taylor Swift bei den Tëschewahlen den 6. November fir d’Demokraten stëmmen. D’Sängerin huet u seng Fans appelléiert, och wielen ze goen an dee Kandidat z’ënnerstëtzen, deen den eegen Wäerter am nooste kënnt.