Musek NewsBruno Mars engagéiert Ed Sheeran fir säi B-Day

De Bruno Mars krut dëse Sonndeg 33 Joer. Een Instagram-Video weist, wéi e säi Gebuertsdag gefeiert huet.

Leschten Update: 09.10.2018, 13:55:26

© afp

An engem Video presentéiert de Bruno Mars sech mat engem gëllene Partyhutt um Kapp,  a mat lauter Cupcakes a Loftballon’e ronderëm. Passend dozou huet ee vun senge berühmtste Kollegen him ee Gebuertsdagslidd gesongen- nämlech den Ed Sheeran! Dat war awer net deen eenzege Cadeau vum Ed Sheeran. Um Concert méi spéit am Owend zu Nashville stoung hien op eemol als Special Guest nieft dem Bruno Mars op der Bühn a  béid Museker hunn zesummen den Nummer-1-Hit „Thinkin out Loud“ gesongen.