Musek NewsDes Staren triede bei den American Music Awards op

Zu L.A. ass dësen Dënschdeg di 46. Editioun vun den American Music Awards. Nieft der Präisverdeelung trieden och vill Staren live op.

Leschten Update: 09.10.2018, 14:31:19

Beim Line Up mat dobäi ass de Shawen Mendes, d’Camila Cabello, d’Taylor Swift an d‘Dua Lipa. Panic at The Disco wäerten als Hommage u Queen eng Coverversioun vun “Bohemian Rhapsody” performen.

Bei den Nominéierungen ginn den Drake an d‘Cardi B als Favoritten an d’Course.

Iwwert d‘App vum Sender ABC kann een d’Show live suivéieren.