Musek NewsTaylor Swift groussen AMA-Gewënner

D'Taylor Swift ass déi grouss Gewënnerin vun den American Music Awards 2018. Nach ni krut eng Kënschtlerin esou vill AMA-Präisser.

Leschten Update: 10.10.2018, 11:33:32

© Valerie Macon AFP

Eng Kënschtlerin konnt sech bei den American Music Awards besonnesch duerchsetzen an dat ass d’Taylor Swift. D’Sängerin kann sech net beschwéieren. Si huet an der Kategorie Kënschtler vum Joer, bescht weiblech Sängerin an an der Kategorie Pop/Rock gewonnen. Ausserdeem gouf dem Taylor Swift seng Reputation Stadium Tour als bescht Tour vum Joer gewielt an d’Sängerin gouf och mam beschte weiblechen Album an der Kategorie Pop/Rock ausgezeechent. Domat zielt d'Musekerin 22 AMA's a senger Karriär. Esou vill Präisser huet nach ni eng weiblech Musekerin bei den AMA's gewonnen.

Net bekloe kann sech dann d’Camila Cabello, dat mer duerch Songs wéi Havana a Beautiful kennen. Hat gewënnt an der Kategorie Neien Artist a kann sech ënner anerem géint d’Cardi B. an Dua Lipa duerchsetzen. Ma d‘Sängerin kann sech awer och iwwert de Video vum Joer freeën, dat mam Song Havana zesumme mam Young Thug. Ausgezeechent goufen déi Zwee och mat deem Song an der Kategorie Collaboratioun vum Joer. An och an der Kategorie Favorite Pop/Rock Song konnten si sech duerchsetzen.

De Post Malone hat da jeeweils 6 Gewënnchancen. Hie krut um Enn de Präis als beschte männleche Sänger an der Kategorie Pop/Rock a konnt sech hei géint den Drake an den Ed Sheeran duerchsetzen. Fir den Ed Sheeran gouf et dës Kéier iwwregens kee Präis.

D'AMA's ginn et zënter 1973. D'Nominéierunge geschéien op Basis vun de Album-Verkafszuele vun de Museker, iwwer d'Gewënner kënne Fans am Internet ofstëmmen.

Lauschtert hei de ganze Reportage




Links