
Et ass net déi éischt Zesummenaarbecht fir den Jonas Blue. Hien huet ënner anerem scho mam Joe Jonas zesumme geschafft a vru kuerzem mat Jack & Jack den Hit Hit „Rise“ gelant. Di nei Kollaboratioun mam Liam Payne nennt sech “Polaroid” an ass um Jonas Blue sengem neien Album ze fannen, deen am November eraus kënnt. Am Song geet et ëm eng flüchteg Romanz an dorëms, de Moment ze genéissen.