Musek NewsChristina Aguilera goes „Sex And The City”?

Fans vum Christina Aguilera kënnen hire Lieblingsstar vläicht geschwënn um groussen Ecran gesinn.

Leschten Update: 16.10.2018, 22:46:48

© afp


An zwar geet et ëm eng Roll am neie "Sex And The City”-Film. D’Kim Catrall huet keng nämlech keng Loscht méi de Personnage vum “Samantha” ze spillen. Trotzdeem kéint et een 3. Film ginn - a keen anere wéi d’Christina Aguilera soll seng Roll iwwerhuelen. Hatt war jo schonn am Musical-Film „Burlesque“ um groussen Ecran ze gesinn, a géing och d’Roll vum Samantha gären iwwerhuelen. Vum Kim Catrall gouf et och scho gréng Luucht.