Musek NewsAmy Winehouse Doku kënnt am November

Viru 7 Joer ass d’Amy Winehouse gestuerwen. Säin Album „Back to Black” ass an d’Geschicht agaangen. Elo kënnen d’Fans hannert d’Kulisse kucken.

Leschten Update: 10.10.2018, 14:45:23

© afp


12 Joer ass et elo hir, dass d’Amy Winehouse säin Album “Back To Black” eraus bruecht an domat een onvergiesslecht Stéck Museksgeschicht geschriwwen huet.  Dësen Album sollt awer och säi leschte gewiescht sinn. Den Documentaire ”Back To Black – The Real Story Behind The Modern Classic” weist elo, wéi den Album entstanen ass. Am Film schwätzen d’Produzenten Mark Ronson an Salaam Rei grad wéi e puer Gaaschtmuseker iwwert d’Studioopnamen. De Film kënnt den 2. November op DVD eraus, an als Download.