Musek NewsJess Glynne/Ed Sheeran-Song wëll Viruerteeler ofbauen

Leit mat rouden Hoer hunn oft mat Viruerteeler ze kämpfen. Och Ed Sheeran an Jess Glynne kennen dee Problem an hunn d’Thema elo an engem Lidd verschafft.

Leschten Update: 16.10.2018, 22:46:32

© afp

Den Ed Sheeran an d'Jess Glynne kenne sämtlech Witzer déi et iwwert Leit mat rouden Hoer gëtt - well och so dozou gehéieren. Mat hirem gemeinsame Lidd „Thursday“ hoffen si, Viruerteeler géint Leit mat rouden Joer kënnen ofzebauen. Si wëllen ausserdeem aner Leit encouragéieren,  sech selwer ze sinn a keng Mask an de soziale Medien opzesetzen. Di nei Single ass um neien a mëttlerweil 2. Album vum Jess Glynne mam Titel „Always In between“ ze fannen.