Musek NewsToten Hosen-Tour-Bilan: 102.240 Fläsche Béier

D‘Toten Hosen waren am August dëst Joer ënner anerem live an der Rockhal an elo - um Enn vun dëser Tour - huet d’Band impressionnant Zuelen virgeluecht.

Leschten Update: 19.10.2018, 15:59:16

An zwar hunn Die Toten Hosen op hirer Tour 56 Concerten  gespillt. Insgesamt goufen hei 1,3 Millioune Spectateuren gezielt. Wärend der Tour goufen d‘Museker vun 100 Crew-Memberen begleet. Si hunn 11, 5 Puer Bühneschong futti gemaach an 23 Hiemer si bei der Wäsch agaangen. An: eleng op den Aftershow-Party’en huet d‘Band 102.240 Fläsche Béier consomméiert.