
© afp
Wéi der Sängerin hire Papp, Mitch Winehouse, sot, soll een Hologramm vu senger verstuerwener Duerschter op Welttournée goen. An engem offizielle Statement huet hien d’Zesummenaarbecht mat der BASE Hologramm Entreprise ugekënnegt. Mat dobäi soll eng Live-Band sinn grad wéi Background-Sängerinnen, déi dann d‘Hits vun der Sängerin performen. Am Hierscht 2019 soll den Optakt vun der Tour sinn, Weider Detailer solle geschwënn nokommen.
Amy Winehouse's hologram will tour the world on stage for three years, says production company https://t.co/f40vPph0ED pic.twitter.com/hlDEXszsuO
— Reuters Top News (@Reuters) October 12, 2018