Musek NewsColdplay annoncéiereren Documentaire „A Head Full Of Dreams“

Coldplay kucken an engem Documentaire zréck op hir Bandgeschicht.

Leschten Update: 16.10.2018, 22:45:12

© afp

Den Documentaire mam Titel „A Head Full Of Dreams” gëtt de 14. November fir een Owend an iwwer 2.000 Kino’en op der ganzer Welt gewisen. Dono kënnt de Film exklusiv bei Amazon Prime eraus.  Regie féiert de Mat Whitecross, dee schonn eng Dokumentatioun iwwer Oasis gemaach huet. Coldplay hate virdru schon 3 Concertsfilmer eraus bruecht. „A Head Full Of Dreams” soll dogéint eng vun den éischten Dokumentatioune  sinn, déi d’Wierk vun der Band komplett thematiséiert. Den Trailer vum Chris Martin mat Zännspaang dierft ee gudde  Beweis dofir sinn.

Ticketen fir den One-Night-Event kritt een vum 19. Oktober un iwwert den Internetsite coldplay.film.