Musek NewsT.I. léisst Melania Trump plakeg um Dësch danzen

Den amerikanesche Rapper T.I. huet an de leschte Méint u sengem neien Album geschafft an elo e bësse méi ee spezielle Promo-Video eraus bruecht.

Leschten Update: 19.10.2018, 19:04:51

© afp

An dësem Clip weist den T.I. net just Opnamen vum Donald Trump, mee erkläert ausserdeem, dass hien weder den US-President nach seng Fra Melania géing respektéieren. Dann installéiert de Rapper sech hannert dem Pult am Wäissen Haus, iwwerdeems eng Fra era kënnt, déi dem Melania Trump immens änelt. No e puer Sekonnen fänkt si un ze strippen a räkelt sech schliisslech plakeg um Dësch.

Mat de Wieder "Léiwen 45, ech sinn net de Kanye" kommentéiert den T.I. de Promo-Clip fir säin neien Album, a seet domat, dass hien de 45. President vun den USA anescht wéi de Kanye West weiderhin boykottéiert.





De Video gouf scho méi wéi 3 Milliounen Mol gekuckt ier sech dem Melania seng Pressespriecherin zu Wuert gemellt huet. Et wier respektlos, d’Melania sou ze presentéieren, dat misst ophalen, sot si, an huet dozou opgeruff, dem T.I. seng Musek ze boykottéieren.