
© BEN STANSALL / AFP
Wie vun enger Tournée vum Amy Winehouse héiert, dee freet sech wuel: „Wéi kann dat sinn?“ Ma ganz einfach, d'Sängerin steet als Hologramm op der Bühn. Der Sängerin hirem Papp no soll d'Show schonn 2019 opgefouert ginn.
Dat ganz gëtt vun enger Band produzéiert, déi schonn esou Concerte produzéiert huet. Eng echt Band wäert d'Amy Winehouse, dat jo 2011 gestuerwe war, begleeden. De Gesang gëtt awer einfach nëmmen ofgespillt.
Wéi et heescht soll den Erléis un d'Amy-Winhouse-Foundation goen. Déi hëlleft jonke Mënsche bei Drogesucht an anere Problemer.