Musek NewsWeider Headliner goufe fir de Rock am Ring confirméiert

Mat Headliner wéi Slipknot an Tool dierfe vrun allem Metal-Fans sech freeën.

Leschten Update: 23.10.2018, 21:23:37

Mat Slipknot an Tool hunn zwou legendär Metal-Bands en Optrëtt um Rock am Ring confirméiert. Virdrun hate schonn Die Ärzte grad wéi Marteria & Casper hir Presenz um Festival vum 7. bis  9. Juni ugekënnegt.

Fans vu méi haardem Sound kënne sech och  op Dropkick Murphys freeën, grad wéi Slash feat. Myles Kennedy and The Conspirators, oder The BossHoss.

D'Spëtzt vun der nationaler Hip-Hop an Urban-Musek ass mat Alligatoah, Bonez MC & RAF Camora, Kontra K grad wéi SDP quasi komplett um Start.

Am Beräich Indie-Rock- a Crossover sinn ënner anerem Bastille, The 1975, Foals a Welshly Arms dobäi.

De Präis fir ee Weekend Festival Ticket beim Rock am Ring läit aktuell bei 169,00 Euro.