Musek NewsSwedish House Mafia confirméieren Reunioun 2019

D’Fans hu laang gehofft, elo ass et wouer ginn: Swedish House Mafia kommen zréck.

Leschten Update: 24.10.2018, 13:10:13

© FREDERIC J. BROWN AFP

2019 wäerten Swedish House Mafia deemno net just nei Lidder eraus bréngen, mee och de 4. Mee an der Tele2 Arena zu Stockholm hiren éischte Concert spillen. Wéi den Trio an engem Pressecommuniqué matdeelt, hätt een decidéiert d’Vergaangenheet hannert sech ze loossen, an nees als „Swedish House Mafia“ zesummen ze kommen. Virun 5 Joer haten Swedish House Mafia sech no enger Abschidstour opgeléist.