Musek NewsWeideren Headliner fir Rock Werchter annoncéiert

Nom Rock am Ring huet elo och de Rock Werchter een weideren Headliner fir d’Editioun 2019 annoncéiert.

Leschten Update: 24.10.2018, 13:48:16

The Cure sinn ee vun den Headliner um Rock Werchter.© afp

D’Organisateuren vum Rock am Ring haten dësen Dënschdeg mat Slipknot an Tool hunn zwou legendär Metal-Bands fir de Festival confirméiert. Elo koum d’Nouvelle, dass Tool och den 28. Juni zu Werchter wäerten optrieden. 12 Joer hat di Rockband keen europäesche Festival méi gespillt. Am ganzen trieden ronn 60 Bands de leschte Weekend am Juni um Rock Werchter op,  Als Headliner confirméiert goufe schonn The Cure, Mumford&Sons, Muse a Pink . De Virverkaf fänkt dëse Freideg un.