RammsteinDe Concert zu Réiser ass SOLD OUT

Am Kader vun hirer Stadion-Tour 2019 kommen Rammstein op Lëtzebuerg- fir een Open Air Concert zu Réiser. De Concert ass sold out.

Leschten Update: 08.11.2018, 13:37:22

Di däitsch Metalband bréngt am Fréijoer 2019 hiren 7. Studioalbum eraus a geet domat op déi éischt Stadiontour an der Geschicht vun der Band. Nieft Optrëtter zum Beispill am Olympiastadion zu München virun 70.000 Spectateuren sinn si och live zu Réiser ze gesinn, um Sitte vum Rock-A-Field.

De Virverkaf huet dësen Donneschdeg um 10h ugefaangen. Wéi den Atelier géint 13h30 op senger Facebook-Säit matdeelt, ass de Concert sold out.