Musek NewsAriana Grande feiert groussen Chart-Erfolleg

Dat huet virun him just eng Sängerin hikritt..

Leschten Update: 14.11.2018, 19:34:27

© afp


D'Ariana Grande huet all Grond sech ze freeën. Mat sengem neie Lidd "Thank U, Next" konnt et sech dës Woch direkt d'Plaz 1 an den US-Single-Charts kropen. Et ass net déi éischte Kéier a senger Karriär, dass et op Plaz 1 steet. Et ass awer fir d'éischt, dass hatt direkt vun 0 op 1  an d'Charts era geklommen ass. Virun him huet just d'Adele mam Lidd "Hello" hat gepackt.

D'Ariana Grande huet op Instagram gefeiert an zum Ausdrock bruecht dass et am Moment keng Wierder fënnt.




 

Am Joer 2014 war d'Ariana Grande mam Lidd "Problem" vun 0 op 2 era geklommen.